Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch an der Jugendherberg zu Iechternach 

Gesellschaft

Op Besuch an der Jugendherberg zu Iechternach 

D’Jugendherbergen hei am Land feieren haut um Freideg hir 90 Joer. Den Eric Ewald war dofi am Virfeld op Iechternach an d'Jugendherberg, wou souguer am Oktober nach vill lass ass. Mee wat zitt d’Leit dohin a wat gefält hinnen um Konzept Jugendherberg? 

auto_stories

5 min

headphones

4 min

© Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

Kuerz virun hallwer 9: d'Tase ginn opgetiermt a Still geréckelt, wéi eng Schoulklass um Buffet steet. Zirka eng hallef Stonn virdrun ass et méi roueg am Restaurant “Melting Pot”. Just e puer Dëscher si besat.

Gäscht aus aller Welt, och am Oktober

E Mann aus der Géigend vu Köln ass an d’Jugendherberg komm, well hien am Mëllerdall wandere geet. Hien ass begeeschtert vun deem “ganz modernen” Haus, och wann hien net direkt e Verglach mat aneren Herbergen zéie kann.

“Das ist seit über 40 Jahren wieder das erste Mal, dass ich in einer Jugendherberge bin.”

Eng Fra vu Bonn, déi mam Vëlo fir d’éischt op Tréier an du vun do aus an d’Abteistad koum, ass beandrockt vun der Géigend.

“Absolut traumhaft. Die Landschaft ist einfach wunderschön. Wir kommen bestimmt auch nochmal hierher.”

Fir hire Mann ass déi Iechternacher Jugendherberg wesentlech méi modern wéi eng an hirer Géigend.

“Wenn jemand eine Jugendherberge möchte und eine Fahrradtour, zum Beispill hier in der Gegend, an der Sauer entlang, das kann man absolut empfehlen.”

Klenge Bemol: De Bouf konnt net vun der Klotermauer vu 14 Meter Héicht profitéieren, enger vun den Attraktioune vun der Herberg um Séi.

“Wir waren hier ja nur eine Nacht. Also, wir fahren heute wieder weg. Naja, würde ich gern ausprobieren.”

Och eng jonk Fra aus Kanada, déi wéinst enger Hochzäit an de Grand-Duché koum, fënnt d’Haus ganz schéin.

“Ech war zimmlech iwwerrascht, wéi ech den éischten Owend erakoum an all d’Felder an de Séi gesinn hunn. Ech wosst guer net, dass et sou eng schéi Géigend wier."

Et wier e bësse wéi a Kanada, just ouni d’Bierger. Déi jonk Fra wëll eng Kéier am Summer erëmkommen.

Summer 2024 mat neier Beschtmark

Déi begéinte Gäscht sinn um Internet oder per Zoufall op d’Herberg am Oste vum Land gestouss. Enn 2005 ass déi aus der Géigend vun der Maartplaz op de Séi geplënnert, erënnert sech de Joel Martins, Gerant vun der Jugendherberg. An do huet et direkt gutt ugefaangen.

“Fir Sylvester hate mir schonn eng immens grouss Party hei. Do waren och schonn direkt iwwer 100 Leit am Haus.”

Zënter enger hallwer Dose Jore fält op, datt nach vill Leit am Hierscht kommen. Zum Beispill maachen, wann d’Schoul bis un ass, vill 7èmen Ausflich dohin, fir datt sech d’Schüler besser kenneléieren. D’Haaptsaison fänkt am Abrëll, respektiv fir Ouschteren un, an dëst Joer gouf am Summer eng nei Beschtmark opgestallt.

“Dësen August hu mir souguer e Rekord gemaach, mat 3.010 Iwwernuechtungen.”

Zejoert hätt ee schonn, sou ee bëssen houfrege Joel Martins, d’Lat vun den 20.000 Iwwernuechtungen iwwersprongen.

“Dëst Joer si mir och elo scho bal bei 600 Iwwernuechtunge méi wéi d’lescht Joer, an ech hoffen, datt mir an deenen nächste Joren déi 21.000 Nuitéeë knacken, a sou weider.”

De Gros vun der Clientèle ass belsch an däitsch, lëtzebuergesch a franséisch. Et kommen awer och Leit vu méi wäit hier, eben aus Kanada, den USA, Asien, Indien oder Südamerika. D’Visiteure kommen ënner anerem, nieft dem Mëllerdall, wéinst der Klotermauer, der Sportshal an der Schwammzon am Séi.

Vu jonk bis al: Jiddereen ass wëllkomm

Am Wuert Jugendherberg ass Jugend dran. Dofir si sech manner jonk Leit onsécher, ob se kommen dierften, seet de Gerant. Mee eng Alterslimitte gëtt et net. Jidderee wier wëllkomm, vum Bëbee un.

“D’lescht Joer hate mir eng Madamm hei, déi hat 98 Joer. Déi war ganz eleng ënnerwee. Déi koum aus der Belsch an déi ass komm fir ze wanderen.”

A si hätt sech genee sou wuelgefillt wéi méi jonk Gäscht.

D’nächst Joer da sinn an der Jugendherberg zu Iechternach Renovatiounsaarbechte geplangt, op Grond vun der normaler Ofnotzung. Dës Aarbechte sollen duerchgefouert ginn, wann aner Leit am Haus sinn. D’Herberg gëtt deemno net dowéinst zougemaach.

Lauschterenplay_arrow

"Sou mann wéi méiglech op de Kummere sinn"

D'Spriecherin vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen, d'Martine Backendorf, war fir den 90. Gebuertsdag vun der ASBL zu Gaascht am Studio. Am Hallwer Néng huet si dem Maurice Molitor e bësse vun hirer Philosophie erzielt.

"Also mir wëllen, dass d'Leit sech treffen. Et ass en Lieu de rencontre a mir hu gemeinsam Säll, mir hunn e Restaurant, wou si sech och kënnen treffen, wou si sech kënnen auseneesetzen. Mir hu Spiller an den Haiser. Mir hu verschidden Haiser mat Infrastrukturen, wou d'Fräizäit ka sinn, mee si solle sech esou mann wéi méiglech an de Kummeren ophalen."

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft