search

/ Op 100 Prozent erneierbar Energie ëmklammen? Dat ass méiglech, seet den Energieexpert

Energie

|
reading time

2 min

Op 100 Prozent erneierbar Energie ëmklammen? Dat ass méiglech, seet den Energieexpert

Esou Energiekrisen, wéi de Moment sech eng undeit, wieren an deene leschte Joren ëmmer nees virkomm. Dofir wier elo de Moment, fir déi erneierbar Energie nach weider auszebauen. Den Energieexpert Volker Quaschning ass optimistesch: Ëmmerhin géif et sech och ekonomesch rentéieren.

reading time

2 min

De Volker Quaschning | © volker-quaschning.de
De Volker Quaschning (Foto: volker-quaschning.de)

Et wier méig bëlleg mat enger Wärmepompel oder enger Solaranlag ze heizen, wéi mat enger Gasheizung, seet de Volker Quaschning. 

"Das ist das, was ich hoffe, dass nicht aus Erkenntnis heraus die Menschen umsteigen, sondern aus ökonomischer Sicht." 

Mat deem Argument géif ee jiddereen ofhuelen, dofir wier hien optimistesch, datt sech déi erneierbar Energien duerchsetzen. Iwwerdeems géif och scho ganz vill dran investéiert ginn. Méi wéi beispillsweis an d'Atomenergie. 

"Wir haben Rekordbauten. Wir reden zwar über Kernenergie, da findet aber kaum etwas statt. Die wirklich grossen Zubaumengen sind Solar- und Windenergie. Im letzten Jahr hat sowohl die Solarenergie als auch die Windenergie weltweit die Kernenergie überholt und auch die Kohle." 

Op 100 Prozent erneierbar Energien ëmklammen?

Dat wier guer kee Problem, mengt de Professor fir Technik a Wirtschaft op der Héichschoul zu Berlin. 

"Wir haben in Deutschland mittlerweile 60 Prozent erneuerbare Energien. Als och vor 30 Jahren angefangen habe, da waren wir bei 4 Prozent. Selbst damals hat man gesagt, mehr als 5 Prozent schaffen wir nicht." 

Et géif just nach u Speicherplaz fir déi Energië feelen.

"Die Wasserkraft ist immer verfügbar. Sonne und Wind nicht. Deswegen brauchen wir Speicherlösungen. Und da passiert momentan richtig viel." 

Waasserstoff wier iwwerdeems net déi bescht Léisung, se wier nämlech am deiersten, esou de Volker Quaschning, a vergläicht Waasserstoff mat Champes. 

"Champagner hat auch eine Berechtigung auf dem Speiseplan, aber nicht als Grundnahrungsmittel." 

Et géifen awer Beräicher ginn, an deenen een net kéint op Waasserstoff verzichten, beispillsweis an der Stolindustrie oder am Fluchverkéier. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Energieexpert