Op X huet de Lloyd Austin geschriwwen, dass hie mat engem Message op Kiew géif kommen: d‘USA géifen der Ukrain weider bäistoen an hirem Kampf fir Fräiheet vun der russescher Aggressioun, elo an an Zukunft.
Scho gëschter hätt de Pentagon-Chef mat sengem ukraineschen Homolog telefonéiert. Si géifen d‘Videokonferenz vun nächste Mëttwoch preparéieren, wou d‘Länner, déi d‘Ukrain militäresch ënnerstëtzen, sech beroden.