Radioen

On air

Moiesstudio  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Onofhängeg Walobservateuren: Den Drock op de russesche Wieler huet eng nei Dimensioun erreecht

Russech Presidentschaftswalen

Onofhängeg Walobservateuren: Den Drock op de russesche Wieler huet eng nei Dimensioun erreecht

A Russland bleift de Wladimir Putin wéi erwaart President. No de Presidentschaftswalen, déi als net fräi an net fair kritiséiert ginn, huet déi russesch Walkommissioun gëschter Owend gemellt, datt de Putin mat engem Rekordresultat vu bal 88 Prozent erëm gewielt gi wier. Dëst Resultat hätt nëmmen duerch Repressioun an duerch Bedruch kënnen erreecht ginn, esou Observateuren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Wladimir Putin gëtt d'Ried zur Lag vun der Natioun | © picture alliance / globallookpress.com | Bulkin Sergey play_arrow
Wladimir Putin gëtt d'Ried zur Lag vun der Natioun (Foto: picture alliance / globallookpress.com | Bulkin Sergey)

Den Drock op d’Wieler hätt eng nei Dimensioun erreecht, hunn onofhängeg Walobservateuren a Russland kritiséiert. Dosende Leit wiere festgeholl ginn. Beschäftegter aus Staatsentreprisë solle forcéiert gi sinn, ze wielen.

Gutt zwee Joer nom Ufank vum russesche Krich géint d’Ukrain, gouf och an ukrainesche Gebitter gewielt, wat international net unerkannt ass.

Wale ware weder fräi, nach fair

Déi sougenannte Presidentschaftswalen a Russland gëllen als ondemokratesch, well zum Beispill keng Kandidate vun der Oppositioun zougelooss waren.D’Walen a Russland wieren offensichtlech weder fräi nach fair gewiescht, heescht et an der éischter Reaktioun vun den USA.D’Walfälschung hätt keng Legitimitéit, esou d’Reaktioun vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. De “russeschen Diktator” hätt Wale simuléiert.

Putin schléisst Konflikt mat der NATO net méi aus

De Wladimir Putin selwer huet gëschter Owend zu Moskau gesot, een ëmfaassende Konflikt mat der NATO wier net auszeschléissen, an an deem Fall wier d'Welt nëmmen ee Schrack vun engem Drëtte Weltkrich ewech. Hie géif et fir onwarscheinlech halen, datt een dorun interesséiert wier, esou de russesche President, deen elo bis op d’mannst 2030 ka weider regéieren.

De Putin huet och behaapt, datt scho vill Zaldoten aus NATO-Memberstaaten an der Ukrain am Asaz wieren.

An um drëtten a leschten Dag vun de Walen a Russland hu gëschter Dausende Mënschen un enger Widderstandsaktioun Deel geholl. Um Punkt 12 Auer hu si sech viru verschiddene Walbüroen a Russland versammelt, fir hir Onzefriddenheet auszedrécken an däitlech ze maachen, datt si géint de Krich sinn.

Lauschterenplay_arrow