Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Sharon Van Etten - Afterlife

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Online-Plattformen zu Lëtzebuerg musse sech an Zukunft u méi streng Reegelen halen

Online Plattformen

Online-Plattformen zu Lëtzebuerg musse sech an Zukunft u méi streng Reegelen halen

Zum Beispill mussen illegal Contenue méi séier geläscht ginn a Reklammen, déi sech spezifesch u Mannerjäreger riichten, gi verbueden. Domat kënnt Lëtzebuerg enger EU-Direktiv no, déi zejoert a Kraaft getrueden ass.

auto_stories

1 min

Zil ass et, den Internet europawäit, mat eenheetleche Reegelen, méi sécher ze maachen. Zu Lëtzebuerg wäert d’Konkurrenzautoritéit kontrolléieren, ob déi concernéiert Entreprisen sech un déi nei Mesuren halen.

Déi nei Reglementéierung viséiert an éischter Linn déi sougenannt intermediär Servicer. Dat si Plattformen, op déi Utilisateuren hiren eegene Contenu eropluede kënnen, wéi zum Beispill Athome.lu. Zu Lëtzebuerg sinn am ganze ronn 240 Plattforme vun der neier Reglementéierung betraff, déi 17. Februar a Kraaft trëtt.