Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Blood Orange - Charcoal Baby

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Online-Plattform fir Dateschutzverstéiss

Dateschutzkommissioun

Online-Plattform fir Dateschutzverstéiss

Déi national Dateschutzkommissioun huet eng Online-Plattform lancéiert fir Notifikatiounen iwwer Dateschutzverstéiss. Den Alerte-System wier zanter dem 15. Dezember disponibel, schreift d‘CNPD. 

auto_stories

1 min

Den neien Outil soll et internen an externe Persounen erlabe grav Problemer an der Organisatioun a Relatioun mam Dateschutz ze mellen. Den Auteur vun der Alerte huet de Choix dës anonym ofzeginn oder mat senger Identitéit. Weider Erklärungen an den Accès zum externen Alerte-System fënnt een online ënnert cnpd.lu