Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
search

/ Onéierlecher gi sech als Steierverwaltung aus

Finanzministère warnt

Onéierlecher gi sech als Steierverwaltung aus

De Finanzministère warnt virun enger neier Arnaque um Internet. Dës Kéier ginn d‘Täter sech als Steierverwaltung aus a géifen de Leit Extraite vum Kont schécken, wou dropsteet, datt si nach Steiere missten nobezuelen.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Si missten déi Suen direkt iwwerweisen, soss géifen Zënsen dropkommen. Et handelt sech hei ëm Phishing, an déi falsch Courriere géif een och dorun erkennen, datt vill Orthographiesfeeler a falsch Datumer dropstinn.