Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Olympesch Spiller zu Paräis: Prestigeprojet a Sécherheetsrisiko

Olympesch Spiller zu Paräis

Olympesch Spiller zu Paräis: Prestigeprojet a Sécherheetsrisiko

100 Deeg sinn et nach bis zu Paräis d’Olympesch Spiller ufänken. Gëschter gouf d’olympescht Flam gezünt, déi dann de 26. Juli an der franséischer Haaptstad antrëfft. D’Preparatioune fir d’Spiller lafen op Héichtouren, notamment fir déi ambitiéis Erëffnungszeremonie. E grousse Sécherheetsrisiko fir déi eng, ee Prestigeprojet fir déi aner. E Méindeg hat de President Macron fir e bësse méi Gewëssheet gesuergt. E wichtegt Signal seet eise Korrespondent Max Tholl a senger Chronik.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Den IOC-President Thomas Bach, bei der Ouvertureszeremonie fir d'Olympesch Spiller 2024. (Foto: picture alliance/dpa | Socrates Baltagiannis)

En Defilé, dee sech iwwer 6 Kilometer erstreckt an 320.000 Spectateure ronderëm. Dat ass fir d’Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller zu Paräis virgesinn. Eng éischte Kéier iwwerhaapt sollen d’Festivitéiten ausserhalb vun engem Stadion ofgehale ginn an zwar op der a laanscht d’Seine. Booter, Helikopteren, Dronen an iwwer 45.000 Sécherheetsbeamte sollen dofir suergen, datt hei keng Geforen entstinn. Scho virun de Spiller brécht Paräis domat olympesch Rekorder. Et sinn ambitiéis Pläng, mee si se och de Risiko wäert?

Alternativ Pläng am Fall vun enger terroristescher Menace

Sécherheetsexperte warnen nämlech zanter Méint, d’Pläng fir d’Erëffnungszeremonie wiere mat Bléck op d’Gefor vun enger terroristescher Attack vill ze riskant. An engem Stadion hätt een d’Méiglechkeet de Public besser ze kontrolléieren a fir d’Sécherheet ze suergen. Dës Bedenken hunn d’Organisateure wéi och d’Regierung an d’Staat Paräis awer laang Zäit mat enger Portioun Zweckoptimismus a blannem Äifer verdrängt. E Méindeg awer huet de President Emmanuel Macron am Interview mat BFMTV annoncéiert, datt een e Plang B a souguer e Plang C hätt. Am Fall vun enger terroristescher Menace géif een d’Zeremonie op der Place du Trocadéro oder am Stade de France organiséieren. Och heifir géifen d’Preparatioune lafen. Trotzdeem huet de Macron mat Bléck op d’Fest op der Seine festgehalen: mir kënnen et maache, mir wäerten et maachen.

Sondage: Vill Leit gleewen net, datt d'Sécherheet ka garantéiert ginn

D’Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo sot den Dënschdeg nach, si géif just e Plang A kennen an dëse preparéieren. Do kann een d’Gefill kréien, datt déi Responsabel sech wënschen, datt den Terrorismus net am Virfeld d’Euphorie bremst. Nëmme kee Partycrasher fir dëse Megaevent, deen och e Prestigeprojet fir Staat a Land ass. Mee d’Gefor kann net ignoréiert ginn, also muss och oppen doriwwer informéiert an debattéiert ginn. En Ipsos-Sondage vum Weekend weist, datt zwar 66 Prozent vun de Befroten et gutt fannen, datt d’Zeremonie op der Seine soll stattfannen, mee just 55 Prozent gleewen, datt d’Sécherheet hei ka garantéiert ginn. Dat sinn 13 Prozentpunkte manner ewéi nach leschten Oktober.

Gutt Kommunikatioun vum Macron

Dës Suerge kommen net vun Näischt. Zanter der terroristescher Attack zu Moskau virun e puer Woche gëllt a Frankräich nees déi héchst Terrorwarnstuf. Wéi de franséischen Inneminister Gérald Darmanin scho festgehalen hat: Wann esou eng Dot an engem autoritären Iwwerwaachungsstaat ewéi Russland passéiert, dann ënnersträicht et, datt d’terroristesch Menace allgéigewäerteg ass. Déi absolut Sécherheet gëtt et net, se ass eng Illusioun, déi der Realitéit leider net standhält - grad am géigewäertege politesche Kontext. Et ass deemno luewenswäert, datt de President Macron sech net hanner falsche Versprieche verstoppt, mee dem Public oppe matdeelt, wat jidderee sech souwisou denke kann, nämlech datt een op alles muss gefaasst sinn. Dat heescht net, datt ee virun der Gefor kapituléiert, mee datt ee sech op se astellt. A grad dat brauch eng gelongen Organisatioun an där Gréisstenuerdnung.

Lauschterenplay_arrow