Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
search

/ Olaf Scholz eestëmmeg als Kanzlerkandidat nominéiert

SPD

Olaf Scholz eestëmmeg als Kanzlerkandidat nominéiert

D‘SPD huet den Olaf Scholz eestëmmeg als Kanzlerkandidat nominéiert. Dat no zéien a kontroversen Diskussiounen an nom Aus vun der Ampelkoalitioun. Dat mellen däitsch Medie mat Verweis op eng Sëtzung vun der Parteispëtzt zu Berlin.

auto_stories

1 min

Olaf Scholz | © picture alliance / Flashpic | Jens Krick
Foto: picture alliance / Flashpic | Jens Krick

D‘SPD-Cheffin huet den Olaf Scholz als de "richtege Mann fir d‘Kanzleramt" bezeechent. Den 11. Januar soll d‘Decisioun op engem Parteidag offiziell confirméiert ginn.

An de leschten zwou Wochen hat d‘SPD ëffentlech driwwer diskutéiert, ob den däitlech méi beléifte Verdeedegungsminister Boris Pistorius net als Kanzlerkandidat bei den Neiwalen am Februar soll an d‘Course goen. Deen hat d‘lescht Woch awer op eng Kandidatur verzicht.