Radioen

On air

9 bis 1  |  LISA - Born Again Feat. Doja Cat, RAYE

play_arrow Live
search

/ Ofstëmmung iwwer d'Recht op Reparatur

Europaparlament

Ofstëmmung iwwer d'Recht op Reparatur

D‘Europaparlament stëmmt haut am Plenum iwwer dat sougenannte Recht op Reparatur of. Et soll deemno d‘Produzente forcéieren, hir Apparater esou ze bauen dat se einfach kënne gefléckt ginn, och nom Oflafe vun der Garantie.

auto_stories

1 min

Och Ersatzstécker sollen zu engem raisonnabele Präis kënne kaf ginn, fir Reparature selwer kënnen duerch ze féieren. Viséiert sinn an éischter Linn Handyen a Laptoppen, ma och Haushaltsapparater. De Ressourcëverbrauch soll doduerch gebremst ginn an d‘Zirkularwirtschaft ugedriwwe ginn.