Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
search

/ Ofschloss vun den Olympesche Spiller

No bal dräi Wochen

Ofschloss vun den Olympesche Spiller

No 17 Deeg Sport, Schweess an Tréine goung gëschter Owend zu Paräis déi 33. Olympiad op en Enn. D'Ofschlosszeremonie, genee wéi d'Erëffnungszeremonie, huet net mat visuellen a musikaleschen Highlighte gegäizt a schonn de Bléck op déi nächst Spiller geriicht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Olympesch Spiller Ofschlossfeier | © picture alliance / HMB Media | Steffie Wunderl play_arrow
Foto: picture alliance / HMB Media | Steffie Wunderl

Net op der Seine, mee am Stade de France huet sech d'Ofschlossfeier vun der Olympiad ofgespillt Mee de Metteur en Scene Thomas Jolly hat och fir dës sëlleg Highlighten ageplangt.

Fir all Goût eppes dobäi

3 Stonne Spektakel mat iwwer 270 Artisten an Artistinnen a viru 70.000 Spectateuren. Ënner anerem ee Stuntoptrëtt vum Hollywoodstar Tom Cruise, dee sech vum Dach vum Stade de France ofgeseelt huet, oder Optrëtter vun de franséischen Indiemuseker Phoenix, Air a Kavinsky: D'Zeremonie hat fir esou zimmlech all Goût eppes dobäi. A genee esou spektakulär wéi d’Ofschlossfeier waren och d’Spiller, déi bei den Organisateure fir vill Stolz gesuergt hunn.

2028 wäerten d'Spiller am amerikanesche Los Angeles stattfannen. D'Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo huet da gëschter Owend den Olympesche Fändel un d'Buergermeeschtesch vun der kalifornescher Metropol iwwerreecht. De franséische Schwëmmer a véierfache Medailist Léon Marchand huet déi Olympesch Flam an de Stadion bruecht, wou den Thomas Bach, President vum IOC, d'Spiller offiziell op en Enn bruecht huet.

Zu Paräis sinn elo nach déi Paralympesch Spiller, vum 28. August bis den 8. September. 

Politeschen Alldag kënnt nees zeréck

Am Medailespigel hunn d'USA sech mat der leschter Competitioun nach déi 1. Plaz geséchert. D'USA kruten am Ganzen 126 Medailen, dorënner 40 gëllener. Op déi zweet Plaz kënnt China mat 91 Medailen, an op der 3. Plaz, dem Total no, kënnt Groussbritannie mat 65 Medailen.

Am Ganze kruten iwwregens 90 Länner op d'mannst 1 Medail, plus déi olympesch Ekipp vun de Flüchtlingen, déi eng Medail krut. Lëtzebuerg krut keng Medail.

No de Spiller setzt a Frankräich elo nees de politeschen Alldag an. An den nächsten Deeg oder Woche wäert de President Emmanuel Macron wuel eng nei Regierung nennen. Wéi hie gëschter géigeniwwer L'Equipe sot, misst een elo dem olympesche Beispill nokommen an zesummeschaffen.

Lauschterenplay_arrow