Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ofgrenzen no riets: Pro-europäesch Parteien hunn ënnerschiddlech Strategien

Europawalen

Ofgrenzen no riets: Pro-europäesch Parteien hunn ënnerschiddlech Strategien

Rietsextreem Parteie kéinten am nächsten Europaparlament däitlech méi staark ewéi bis elo vertruede sinn. Déi etabléiert Parteie reagéieren dorop ganz ënnerschiddlech. D’Europäesch Vollekspartei, déi den Ament déi gréisste Fraktioun am Parlament stellt, signaliséiert Ouverturen no riets, wärend Sozialisten, Liberal a Gréng eng Zesummenaarbecht mam rietse Bord demonstrativ ausschléissen.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

© European Union play_arrow
Foto: European Union

D’Ursula von der Leyen wëll nees Presidentin vun der Europäescher Kommissioun ginn. Dofir brauch si eng Majoritéit am Europaparlament, an do kéint si dës Kéier op Stëmme vum rietse Bord ugewise sinn.

Déi grouss pro-europäesch Koalitioun tëscht der EVP, de Sozialisten an de Liberalen, wäert nämlech manner stabel sinn, seet zum Beispill den Däitsche Gréngen Daniel Freund viraus.

"D’Fro ass, wou déi zousätzlech Stëmme fir een zweet Mandat von der Leyen hierkommen? Vun deene Gréngen oder vu riets, ewéi de Fratelli d’Italia oder anere rietsnationale Parteien? Ech fir mäin Deel hätt gären eng pro-europäesch demokratesch Majoritéit am Europäesche Parlament.“

Déi Gréng, déi 2019 net fir d‘Ursula vun der Leyen als Kommissiounspresidentin am Parlament gestëmmt haten, wiere prett, Deel vun enger grousser, pro-europäescher Koalitioun ze sinn. Sou och den Daniel Freund. Ënnert der Konditioun awer, datt si dës Kéier, am Contraire zu viru 5 Joer, an d‘Verhandlunge mat agebonne ginn.

EVP wäert Haaptroll spillen

D’Europäesch Vollekspartei huet sech an dëser Legislaturperiod weider no riets beweegt. Dat observéiert den Dave Sinadert, Professor fir Politikwëssenschaften op der ULB zu Bréissel.

“Mir hunn déi Beweegung an enger Partie Punkte gesinn, speziell bei der Migratioun, mee och beim Klima- an Naturschutz. Et kéint een also soen, datt et do schonn eng Influenz vu radikal Rietse gëtt bei deem Changement vun de Positioune vun der EVP.”

Trotz dem virausgesote Gewënn vun de radikal rietse Parteien, erwaart sech den Expert iwwerdeems net, datt déi Parteien am nächste Parlament eleng genuch Stëmmen zesumme kréien, fir effektiv de Prozess vun den Decisioune komplett ze blockéieren. D‘EVP, déi de Prognosen no déi gréisste Fraktioun am Parlament bleift, géif hei eng Haaptroll spillen.

Wéi an Zukunft Majoritéite forméiert ginn, hänkt net an éischter Linn vun der Droite of, seet iwwerdeems och d'Europadeputéiert Sophia in ‘t Veld vun de Liberalen.

"Wéi Majoritéiten am Europaparlament opgebaut ginn, hänkt net esou vill vun den Extremisten of. Si sinn elo schonn am Parlament, mir haten elo schonn zwou zimmlech radikal riets Fraktiounen. Et hänkt haaptsächlech vun der EVP of. Si muss decidéieren, wou si steet, op wéi enger Säit vun der Geschicht si wëll sinn."

Liberal, Sozialisten a Gréng: Keng Koalitioune mat riets-radikale Parteien

Op där richteger Säit stoen, dat heescht sech däitlech no riets ofgrenzen, sou d’Iwwerzeegung vun der Liberaler Politikerin.

Si ass eng fervent Géignerin vun der Koalitioun, déi elo grad an Holland tëscht der liberaler VVD an der rietsextreemer Fräiheetspartei zustane koum. D’VVD misst dowéinst aus der Fraktioun vun de Liberalen, déi “Renew” heescht, ausgeschloss ginn, sou hir Meenung. Mat där steet si an hirem Grupp net eleng do.

„Déi hunn näischt méi an der Renew-Fraktioun verluer.“, seet och den DP-Europadeputéierte Charles Goerens, dee Member vun där Fraktioun ass.

“Mir wäerten ni mat rietsextremeen a radikale Parteien op iergendengem Niveau zesumme schaffen oder Koalitioune bilden.”

Dat hu sech d’Sozialisten, déi Liberal an déi Gréng uganks Mee an enger gemeinsamer Deklaratioun feierlech versprach.

EVP schléisst Zesummenaarbecht mat riets-nationaler Fraktioun net aus

D’EVP wollt déi Deklaratioun net ënnerschreiwen. Eng Zesummenaarbecht mat der riets-nationaler Fraktioun vun den “Europäesche Konservativen a Reformisten”, kuerz ECR, schléisst iwwerdeems d’EVP-Spëtzekandidatin Ursula von der Leyen net aus.

„Et hänkt dovun of, wéi d’Parlament sech no de Walen zesummesetzt, a wien an deem Grupp ass.“

Dat war d‘Ausso vun der Kommissiounspresidentin um éischten Debat ënnert Spëtzekandidate viru gutt 3 Woche.

„Pro-Europäesch“, „pro Rechtsstaat“ a „pro Ukrain“: Dat sinn déi dräi Prinzippien, déi esou wuel vum EVP-Chef Manfred Weber, ewéi vun der EVP-Spëtzekandidatin als rout Linne fir potentiell Koalitiounspartner genannt ginn. Dat trëfft net op d’Parteien zou, déi Member an der extrem rietser „Identitéit an Demokratie“-Fraktioun setzen, an och net op all d’Membren vun der ECR-Fraktioun, notamment déi polnesch PIS-Partei.

De Meloni-Plang: Gauche an d‘Oppositioun

De Charles Goerens schwätzt vun engem „Zick-Zack-Kurs vun der Ursula vun der Leyen, dee kéint geféierlech fir si ginn."

„Si schléisst eng Zesummenaarbecht mat der ECR net aus. Do sinn notamment d'Postfaschiste vun der Madamm Meloni dran. Si mengt also, Si kéint op där enger Plaz eppes gewannen, mee dat riskéiert Si op där anerer Säit ze verléieren. Wa Si wëllt mat der Sécherheet vun hirem Poste spillen, da muss Si esou virufueren.“

D’Cheffin vu Fratelli d’Italia, déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni, huet kloer Pläng fir d’Zukunft vun der EU.

D’Majoritéit tëscht EVP, Sozialisten an de Liberale wier géint d’Natur, sou d’Italieenerin virun e puer Deeg an engem Interview. Si wéilt probéieren an Europa dat ze maachen, wat si an Italie fäerdeg bruecht huet: Mëtt-Riets-Parteie vu verschiddenen Originnen zesummeféieren an d’Gauche an d’Oppositioun schécken.

Lauschterenplay_arrow