D’Wehrflicht wier “keng Léisung fir Lëtzebuerg”, esou an dëser Debatt d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes. Déi Lëtzebuerger Arméi wier eng Arméi vu Fräiwëllegen an d’Wehrflicht gouf 1967 ofgeschaaft, huet d’DP-Politikerin an Erënnerung geruff.
D’Yuriko Backes huet an der Chamber widderholl, datt een obligatoresche Militärdéngscht net am CSV-DP-Regierungsprogramm virgesi wier, an net wäert agefouert ginn.
Et wier een “aktiv dobäi”, d’Aarbechtskonditioune bei der Arméi ze verbesseren, esou nach d’Ministerin.