An engem Interview sot de Barack Obama, datt op de soziale Reseauen eng Aart Clowne-Show am gaange wier, ouni awer dem Donald Trump säin Numm ze nennen. All Gefill vu Scham wier entretemps verluer gaangen. Den Demokrat huet weider gemengt, datt esou ee Verhalen de Republikaner bei de Kongress-Tëschewalen am November schuede géif.
arrow_back_ios
search
USA
|Obama äussert sech zu rassisteschem Afen-Video vum Trump iwwert hien a seng Fra
De fréieren US-President Barack Obama huet sech eng éischte Kéier zum aktuelle President Donald Trump sengem rassistesche Video geäussert, an deem hien a seng Fra Michelle Obama als Afen duergestallt goufen. De Barack Obama huet e Manktem un Anstand an der Politik kritiséiert.