Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Grammar

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL a CGFP begréisse Steierentlaaschtungen, fuerdere weider eng grouss Steierreform

Reaktioun op den "Entlaaschtungspak"

OGBL a CGFP begréisse Steierentlaaschtungen, fuerdere weider eng grouss Steierreform

No der Presentatioun vum geplangten neie Pak mat 16 steierleche Moossname gëschter, begréissen den OGBL an d’CGFP haut doran eng Rei vu gudden Usätz. Op där anerer Säit fuerderen d’Gewerkschaften am Steierberäich weider Schrëtt vun der CSV-DP-Regierung.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Nora Back an de Steve Heiliger begréissen déi ugekënnegt Steiererliichterungen, fuerderen awer méi.

D’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP begréisst, datt de sougenannten “Entlaaschungspak” enger Rei vun hire Fuerderunge Rechnung dréit, seet de Generalsekretär Steve Heiliger. Zum Beispill enger weiderer Upassung vum Barème an Entlaaschtungen an der Steierklass 1a.

CGFP an OGBL fuerderen eng automatesch Upassung

Bei der Upassung vun der Steiertabell géif et nach Nohuelbedarf ginn, ënnersträicht de Steve Heiliger. Donieft verlaangt d’CGFP eng automatesch Upassung.

Dat bleift och eng Fuerderung vum OGBL.

D’Nora Back huet bei der Presentatioun de Mëttwoch donieft “déi ganz grouss Annoncë vu Steiergerechtegkeet” vermësst. De Finanzminister hätt eng “Rei kleng Entlaaschtungen” annoncéiert.

Kritik u Steiervergënschtegunge fir Impatriés

Am Pak wieren awer och eng Rei Saachen dobäi, déi a Richtung vu méi Ongerechtegkeet an der Steierlaascht géife goen, kritiséiert d’Gewerkschaftspresidentin. Als Beispill nennt si d’Reduktioun vun der Betribsbesteierung vun 2025 un.

"D’selwecht d’Prime participative, taxe d’abonnement, de régime des impatriés: et muss ee sech mol virstellen, Leit, déi 400.000 Euro verdéngen, kréien do d’Hallschent vun hirem Revenu steierfräi."

Den OGBL ass net der Meenung, datt den néidege finanzielle Spillraum fir déi nei Steiermesuren net do wier. De finanzielle Spillraum schéngt offensichtlech do ze sinn, esou och de Generalsekretär vun der CGFP. De Steve Heiliger fuerdert, datt awer och nach eng grouss Steierreform misst gemaach ginn.

Lauschteren