Dëst hätt et bis elo an där Form nach ni zu Lëtzebuerg ginn. Dofir fuerdert den OGBL den Aarbechtsminister dozou op, bei der Direktioun vun Ampacet ze intervenéieren.
Schonn d'lescht Woch gouf eng Entrevue mam Aarbechtsminister ugefrot, fir déi genee Situatioun nach eemol ze erklären. Den neien Aarbechtsminister Georges Mischo hat d‘lescht Woch och eng Entrevuë mat de Sozialpartner, wou et och iwwer Ampacet gaangen ass. Hie wier als neien Aarbechtsminister komplett dogéint, datt de Sozialdialog a senge Fundamenter ënnergruewe gëtt, hat de Georges Mischo am 100,7-Interview gesot. Haut de Moie virun der Press huet den neien Aarbechtsminister sech awer éischter zeréckhalend gewisen. Och de Wirtschaftsminister Lex Delles sot de Mueren, sech do net amëschen ze wëllen a keng Meenung dozou ze hunn.
Den OGBL schwätzt vun "inakzeptabelen" Praktiken
D'Direktioun vum amerikanesche Plastik-Granulat-Hiersteller Ampacet hat de Kollektivvertrag eesäiteg gekënnegt, och op der Conciliatioun war et keen Duerchbroch ginn. Duerch d’Vermeide vun engem Sozialdialog géif ee probéieren, de Streik opzebriechen, seet den Alain Rolling vum OGBL.
“An ech betoune wierklech opzebriechen. Do koume Bréiwer un, mir sollen dat Zelt ewegraumen, mir sollen am beschten hei verschwannen zu Diddeleng an iergendwou anescht eis Manifestatioun maachen a vun eisem Streikrecht Gebrauch maachen. An dat ass einfach inakzeptabel.”
Den OGBL fuerdert awer och den neien Aarbechtsminister Georges Mischo dozou op, bei der Direktioun vun Ampacet z'intervenéieren. Schonn d'lescht Woch gouf eng Entrevue mam Aarbechstminister ugefrot, fir déi genee Situatioun nach eemol z'erklären. De Georges Mischo hat virun enger Woch och am 100,7-Interview gesot, komplett dogéint ze sinn, datt de Sozialdialog a senge Fundamenter ënnergruewe gëtt.
D'Gewerkschaft plangt weider Aktiounen
Den OGBL ass amgaangen, nach weider Aktiounen ze plangen, an huet net wëlles, inaktiv ze bleiwen, sou nach den Alain Rolling. Op engem Spendekonto fir d'Grèvisten hätt ee bis elo scho kënne 16.000 Euro sammelen.
Et wier ausserdeem elo un der Direktioun, d'Dier fir Verhandlungen opzemaachen. Den OGBL ass amgaangen, nach weider Aktiounen ze plangen, an huet net wëlles, stoen ze bleiwen, sou nach de Stefan Osorio.