Radioen

On air

Notturno  |  Maston With L'Éclair - Ghost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL: "Keen normalen 1. Mee"

Éischt-Mee-Feier

OGBL: "Keen normalen 1. Mee"

“Eisem esou oft geluefte Gesellschaftsmodell geet et net gutt.”. Dat sot d’OGBL-Presidentin gëschter an hirer Ried op der Éischt-Mee-Feier am Haff vun der Abtei Neimënster. A ville Länner géing d’Demokratie récksiichtslos ugegraff ginn a queesch duerch Europa géingen nees Austeritéitspoliticken optauchen.

auto_stories

2 min

Foto: Marlène Clement

Dat wier de Buedem, op deem „konservativ-reaktionär, rietsextrem, faschistesch Parteien“ an Europa un Afloss géinge gewannen, huet d’Nora Back gewarnt.

D’Presidentin vun der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft huet an deem Kontext dozou opgeruff, den 9. Juni wielen ze goen. D’Europawale wiere wichteg fir déi schaffend Leit. Villes, wat op europäeschem Niveau decidéiert gëtt, hätt een direkten Afloss op d‘Aarbechts-a Liewenskonditiounen zu Lëtzebuerg.

„Duerfir wielt mat. A virun allem ,wielt déi progressiv Kräften an Europa. Déi, déi sech fir de soziale Fortschrëtt asetzen. Déi, déi sech fir een inklusiivt Europa asetzen. An net fir déi, déi wëllen aus Europa eng Festung maachen, déi eng Austeritéitspolitik wëllen imposéieren.“

Parteien, deenen hiren eenzege Krittär fir d‘Wuelbefanne vun der Gesellschaft d‘Kompetitivitéit vun den Entreprisen ass, wiere keng Alternativ, esou d‘OGBL Presidentin.

Eng Gewerkschaft un där kee laanscht kënnt

“Dësen 1. Mee 2024 ass keen normalen 1. Mee. Et ass en éischten 1. Mee no staark gewonnene Sozialwale fir den OGBL.”, huet d'Nora Back och betount. Den OGBL wier déi Lëtzebuerger Gewerkschaft un där kee laanscht kënnt. Déi lescht fënnef Joer hätt een haart misse kämpfen, huet d’Nora Back betount.

Kritik gouf et ënnert anerem um Lëtzebuerger Steiersystem. Dee wier fundamental ongerecht. Och d‘Diskussioune ronderëm dat neit Steierofkommes tëschent Däitschland a Lëtzebuerg wieren ee reegelrecht „Trauerspill“. An all deene Problemberäicher misst d’Politik erwächen an dréngendst handelen, war et de Message un d’Regierung.

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft