Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nouvelle-Calédonie: Emmanuel Macron rifft den Etat d'Urgence aus

Protester géint eng Verfassungsrevisioun

Nouvelle-Calédonie: Emmanuel Macron rifft den Etat d'Urgence aus

Am franséischen Territoire spëtzt d‘Situatioun sech weider zou: Ee Gendaarm wier duerch eng Schosswaff schlëmm blesséiert ginn heescht et vum Elysée Palais, dee mëttlerweil dräi Doudeger mellt.

auto_stories

1 min

Haiser op Neikaledounien, déi a Brand gesat gi sinn. | © Ted Moloubakotty / X
Foto: Ted Moloubakotty / X

Trotz enger Ausgangsspär hënt, goufen nees Gebaier an Autoen a Brand gestach. Op d‘mannst 60 Poliziste wiere blesséiert ginn, 130 Leit wiere festgeholl ginn, melle lokal Medien. 

Hannergrond ass eng Verfassungsrevisioun, géint d‘Separatisten an Neikaledonien déi sech wieren. Déi Reform gouf gëschter zu Paräis gestëmmt. Doduerch sollen elo Dausende franséisch Bierger, am Inselstaat am Südpazifik, d‘Walrecht kréien an domat hätten si méi politeschen Afloss. 

D‘Onofhängegkeetsbeweegung vun den Urawunner vun Neikaledonie setzen sech fir en eegene Staat an. De franséische President Emmanuel Macron huet déi politesch Vertrieder vun Neikaledonien op Paräis invitéiert, fir Gespréicher mam Premier Gabriel Attal ze féieren. Déi Gespréicher sollen Enn dës Mounts nach sinn.