Déi unionistesch Partei DUP (Democratic Unionist Party) huet ugekënnegt, datt se rëm an d‘Regierung wéilt zeréckkommen. Viraussetzung wier awer, datt déi brittesch Regierung hir Zousoe géif ëmsetzen. Dat sot den DUP-Parteichef Jeffrey Donaldson hënt.
D‘DUP huet bis elo refuséiert, mat der kathoulescher Sinn Féin eng Regierung ze forméieren. D‘Sinn Féin wëll, datt Nordirland, dat jo elo zu Groussbritannie gehéiert, rëm zu Irland gehéiert.
D'Sinn Féin ass déi eenzeg Partei, déi souwuel am Norde, wéi och am Süde vun Irland aktiv ass. 2022 goufe si bei de Parlamentswalen an Nordirland stäerkste Kraaft, woumat si theoreetesch Usproch op de Poste vum Regierungschef hätten. Eng Regierung ass awer bis elo net forméiert ginn, well d'DUP sech aus Protest weigert, mat der Sinn Féin zesummenzeschaffen.
Haut um 30. Januar jäert sech och de 'Bloody Sunday'. 1972 hu brittesch Fallschiermjeeër op kathoulesch Demonstranten an der Stad Derry geschoss. 13 Demonstrante si gestuerwen, 13 weiderer goufe blesséiert. Dëst huet zur Eskalatioun vum Nordirlandkonflikt gefouert.