Radioen

On air

9 bis 1  |  Raftside - DNCNG

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider Geisele fräigelooss - Blinken deemnächst nees an Israel

Noen Osten

Weider Geisele fräigelooss - Blinken deemnächst nees an Israel

An der Gazasträif huet d‘Hamas gëschter Owend eelef weider Geisele fräigelooss, dorënner néng Kanner. Israel huet am Géigenzuch weider 33 palestinensesch Prisonéier fräigelooss, dorënner 30 Kanner.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

E puer Stonne virdru war d‘Waffepaus, kuerz ier se auslafe sollt, ëm zwee Deeg verlängert ginn. D‘Hamas sot, si géif an deenen zwee Deeg nach eemol 20 Geisele fräi loossen. Gëschter gouf och weider humanitär Hëllef mat Camionen an d‘Gazasträif bruecht.

Bis elo goufen am ganzen iwwer 50 Geisele vun der Hamas fräigelooss.

Bei den terroristeschen Attacken de 7. Oktober hat d‘Hamas 1.200 Leit ëmbruecht a ronn 240 Leit als Geisele geholl. Zanterhier sinn der Hamas no an der Gazasträif méi wéi 14.500 Leit bei den israeelesche Bombardementer ëm d‘Liewe komm.

Anthony Blinken nees an Israel

Den amerikaneschen Ausseminister Anthony Blinken plangt iwwerdeems dës Woch nees eng Rees an Israel an an dat vun Israel besate palestinensescht Gebitt Westjordanland. Et wier e weideren diplomateschen Effort vum US-Ausseminister fir d‘Fräiloossung vun alle Geiselen an der Gazasträif a weider humanitär Waffepausen ze erreechen, sou e Spriecher vum Ausseministère zu Washington.