Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ UN-Sécherheetsrot ënnerstëtzt Plang fir Wafferou an der Gazasträif

Noen Osten

UN-Sécherheetsrot ënnerstëtzt Plang fir Wafferou an der Gazasträif

De Weltsécherheetsrot vun der UNO ënnerstëtzt de Plang fir eng Wafferou an der Gazasträif, deen den US President Joe Biden Enn Mee virgestallt hat. 14 vun de 15 UNO-Sécherheetsrot-Memberen hu fir eng entspriechend Resolutioun vun den USA gestëmmt. Russland huet sech enthalen.

auto_stories

1 min

UN Sécherheetsrot | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
UN Sécherheetsrot (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

A Text vun der Resolutioun heescht et, Israel hätt de Plang fir eng Wafferou akzeptéiert, d‘Resolutioun rifft déi palästinensesch Hamas op, dat och ze maachen.

D‘USA gesäit an dem Plang eng Wafferou an dräi Phase vir.

Den US Ausseminister Antony Blinken ass den Ament nees op Tournée am Noen Oste fir de Plang fir eng Wafferou weider ze vermëttelen.