Chineesesche Staatsmedien no gëtt et am Tibet en héije Risiko, datt een Damm vun engem Réckhalteséi brécht. Engem Journalist no wier scho Waasser, dat vum Damm zeréckgehale gouf, iwwer- an an d’Dall gelaf. D’Secouristen hunn den Uerder kritt, bis op Weideres mat den Hëllefsaktiounen opzehalen.
Bis ewell sinn duerch d’Risewell, déi virgëschter d’Grenzgebitt tëschent Nepal an Tibet getraff hat, op d’mannst 472 Leit ëm d’Liewe komm. Iwwer 1.400 Persoune ginn nach vermësst. Et wieren iwwerdeems 555 Touristen, déi blockéiert waren, evakuéiert ginn, huet et nach an de chineesesche Staatsmedie geheescht.
D’Secouristë sichen ënner anerem no iwwer 100 Aarbechter, déi am Tunnel vun engem Chantier gefaange sinn. Op der Plaz gëtt un engem Waasserkraaftwierk geschafft.
Eng 350 Aarbechter:innen an Awunner:innen aus där Géigend wieren ewell evakuéiert ginn, huet et aus dem Büro vum Premierminister geheescht.