arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ratko Mladic dout – fréiere bosnesch-serbesche Generol am Prisong gestuerwen

Krichsverbriecher

|
reading time

1 min

Ratko Mladic dout – fréiere bosnesch-serbesche Generol am Prisong gestuerwen

De fréiere bosnesch-serbesche Generol a verurteelte Krichsverbriecher Ratko Mladic ass am Alter vu 84 Joer gestuerwen.

reading time

1 min

De Ratko Mladic am Juni 2021 zu Den Haag | © EPA/JERRY LAMPEN
De Ratko Mladic am Juni 2021 zu Den Haag (Foto: EPA/JERRY LAMPEN)

De Ratko Mladic war 2017 zu Den Haag um Internationale Strofgeriichtshaff fir dat fréiert Jugoslawien wéinst Krichsverbriechen a Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet wärend dem Bosniekrich zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn.

Hie war ënner anerem fir de Massaker vu Srebrenica am Juli 1995 responsabel, bei deem iwwer 8.000 Bosnier ëmbruecht gi waren.