De Gesetzesprojet muss elo nach duerch d’Representantenhaus goen. Ob den Hëllefspak do duerchgoe wäert, ass nach onkloer.
Am Representantenhaus hunn d‘Republikaner eng knapp Majoritéit. Een Deel dovunner schwätzt sech scho méi laang géint weider US-Hëllef fir d’Ukrain aus.
Zanter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich viru gläich zwee Joer, huet d’US-Regierung ënnert dem Joe Biden militäresch Hëllef an der Héicht vun iwwer 44 Milliarden US-Dollar, also Ronn 41 Milliarden Euro, fir d’Ukrain accordéiert. Am Hëllefspak, deen de Senat elo decidéiert huet, si Ronn 60 Milliarden US-Dollar un Hëllefe virgesinn.