Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ No israeelescher Attack op e Flüchtlingslager kënnt den UNO-Weltsécherheetsrot zesummen

Noen Osten

No israeelescher Attack op e Flüchtlingslager kënnt den UNO-Weltsécherheetsrot zesummen

No der israeelescher Attack op en Zeltlager vu Flüchtlingen zu Rafah an der Gazasträif soll den UNO Weltsécherheetsrot den Owend fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummekommen.

auto_stories

1 min

Weltsécherheetsrot | © picture alliance / Pacific Press | Luiz Roberto Lima
Weltsécherheetsrot (Foto: picture alliance / Pacific Press | Luiz Roberto Lima)

Op d‘mannst 45 Ziviliste koume palästinensesche Sourcen no bei där Loftattack ëm d‘Liewen, déi meescht Affer wiere Fraen a Kanner. Den israeelesche Premier Benjamin Netanyhu huet zouginn, datt déi israeelesch Arméi en tragesche Feeler gemaach hätt. Hie sot awer och, hien hätt net d‘Intentioun, mam Krich opzehalen esou laang net all d'Ziler erreecht sinn. Den UNO-Generalsekretär António Guterres huet d‘Attack verurteelt an Israel opgefuerdert, d'Offensiv zu Rafah direkt ze stoppen.