D’Attacke vun de Moie wieren eng Reaktioun dorop, datt Israel d’Ofkommes net géif respektéieren, esou zitéiert d’Tagesschau d’Aussoe vun der Hisbollah. De Libanon huet wéinst der israeelescher Attack vu gëschter haut een Dag Staatstrauer ausgeruff. Bei der grouss ugeluechter Attack goufen et libanesesche Sourcen no 203 Doudesaffer an iwwer Dausend Blesséierter.
Frankräich, d'EU a China kritiséieren israeelesch Attacken
Frankräich huet d’Attacke scho staark verurteelt. Och d’UN a Groussbritannie weise sech besuergt. D’EU-Baussebeoptraagt Kaja Kallas seet, datt déi israeelesch Attacken eng Menace fir d’Wafferou wieren. China fuerdert iwwerdeems Israel dozou op sech zeréckzehalen. D’Souveränitéit an d’Sécherheet vum Libanon dierften net verletzt ginn, esou de chineeseschen Ausseministère.
Grouss Fro: Ass Libanon deel vun der Wafferou?
D’Fro doriwwer ob d’Wafferou och fir de Libanon gëllt, suergt fir weidere Sträit. Fir d’USA an Israel gehéiert de Libanon net zum Ofkommes vun der Wafferou. Den Iran misst sech entscheeden, ob e wëll, datt d’Wafferou wéinst Libanon géif scheiteren, sot den US-Vizepresident J.D. Vance.
De Vermëttler Pakistan ass allerdéngs der Meenung, datt d’Wafferou de Libanon mat abënnt. Wéinst den israeeleschen Attacke géint de Libanon huet den Iran d’Strooss vun Hormus nees blockéiert.