Radioen

On air

Moiesstudio  |  Adult Leisure - Kiss Me Like You Miss Her

play_arrow Live
search

/ No der Southport Attack: Keir Starmer annoncéiert ëffentlech Enquête

Anti-Terror-System gescheitert

No der Southport Attack: Keir Starmer annoncéiert ëffentlech Enquête

A Groussbritannien huet sech gëschter um Méindeg den Täter vun der Southport Attack schëlleg bekannt, deen dräi Meedercher bei engem Taylor Swift Danzcours erstach huet. De brittesche Premier huet elo zouginn, datt den Anti-Terror-System gescheitert ass an huet eng Enquête annoncéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot play_arrow
Foto: picture alliance / Photoshot

Claire Barthelemy (London)

Alice, Bebe an Elsie: Dat sinn d’Nimm vun deene Meedercher, déi am Summer zu Southport wärend engem Taylor Swift Danzcours ëm d’Liewe komm sinn. Si waren tëscht 6 an 9 Joer al, an de Fall hat Groussbritannie schockéiert.

Den Täter, een 18-järege Britt, huet sech gëschter um Méindeg schëlleg bekannt. Wärend dem Prozess ass erauskomm, datt dëse Mann well e puer Mol bei engem Anti-Terror-Service gemellt gouf, mee awer ni eppes géint hien ënnerholl ginn ass. Domat soll lo Schluss sinn, sot de Keir Starmer.

Hien huet um Dënschdegmoien eng ëffentlech Enquête annoncéiert, déi de britteschen Anti-Terror-System ënner d'Lupp huele soll. Den Täter hätt sech vu Material beaflosse gelooss, dat u sech net sou einfach op online Plattformen zougänglech dierft sinn, sou de Premier. Wa Gesetzer misste geännert ginn, fir dëst ze prevenéieren, da géing dat gemaach ginn.

Op extrem Gewalt fixéiert

Dëse Fall géing och weisen, datt Groussbritannien enger neier Gefor ausgesat wier. D’Gefor vun héich organiséierte Gruppe wei al-Qaida géing et nach ëmmer ginn. Mee dobäi keim lo nach eng aner Menace.

"Mir gesinn och lo Dote vun extremer Gewalt, déi vun Aussenseiter, Eenzelgänger a jonke Manner ausgeet, déi an hirer Kummer all Zort vu Material online kucken, an déi onbedéngt wëlle berüümt ginn. Heiansdo si si vu politesche Gruppe beaflosst, mee si sinn all op extrem Gewalt fixéiert."

No der Attack am Juli goufen et am ganze Land rietsradikal Krawallen, wou Leit Flüchtlingszenteren ugegraff hunn. Dës sinn entstan, well online Falschinformatiounen iwwer den Täter verbreet goufen. De Keir Starmer huet d’Awunner vu Southport gelueft, datt si trotz dësen Ausschreidungen zesumme gehal hunn.

Den Täter vun der Attack gëtt en Donneschde verurteelt.

Lauschterenplay_arrow