Fir den Alain Rolling vum OGBL géif de Sozialplang, deen Tarkett virschwieft, virun allem Salariéë vu 50 Joer a méi treffen, déi zum groussen Deel net an de Genoss vun enger Preretraite kéimen an nëmme ganz schwéier eng nei Aarbecht fanne kéinten.
D’Gewerkschafte wëllen e Méinden e Fuerderungskatalog presentéieren, mee d’Direktioun hätt wuel vu Paräis eng Zuel u Leit ordonéiert kritt, déi sollten entlooss ginn.
D’lescht Woch hat den Autoszouliwwerer mat Sëtz zu Lenzweiler an der Gemeng Wëntger jo annoncéiert, 126 Leit wëllen ze entloossen, wat net grad e Véierel vun der Beleegschaft wier.