search

/ No de Walen: Brasilianesch Wärung Real fält ëm 10 Prozent op der Bourse

Brasilien

|
reading time

1 min

No de Walen: Brasilianesch Wärung Real fält ëm 10 Prozent op der Bourse

A Brasilien ass d‘Bourse no der iwwerraschender réélectioun vum lénks-geriichte President Lula da Silva staark gefall. De brasilianesche Real huet géint 14:00 Auer de Mëtteg eiser Zäit iwwer 10 Prozent verluer. Den Handel op der Bourse zu Sao Paolo gouf eng hallef Stonn virun der Ouverture ausgesat.

reading time

1 min

© EPA/ISAAC FONTANA
(Foto: EPA/ISAAC FONTANA)

Dem Lula säi Konkurrent, de riets-extreeme Flavio Bolsonaro, géif als méi avantagéis fir d‘Marchéen ugesi ginn, heescht et. An d‘Marchéë géifen sech Suerge maachen, well de Flavio Bolsonaro dem Lula seng Walvictoire net unerkenne wëll. De Fils vum fréier President Jair Bolsonaro sot, hie géif d‘Annulatioun vun de Walen ufroen.

De Lula da Silva gouf entgéint den Erwaardunge mat ronn 52 Prozent vun de Stëmme fir e véiert Mandat erëmgewielt. Seng Victoire gëtt weltwäit – bis op den Donald Trump – begréisst. 

Jair Bolsonaro wéinst Putsch verurteelt  

De Jair Bolsonaro war am Joer 2022 net rëm fir eng zweet Amtszäit gewielt ginn. Hien hat deemools mat 49,1 Prozent vun de Stëmme scho géint de Lula da Silva verluer. Schonn den Jair Bolsonaro wollt d'Walresultat deemools net unerkennen an hat seng Unhänger dozou opgeruff d'Regierungsinstitutiounen ze stiermen. Mindestens 4.000 Leit waren sengem Opruff nokomm.

Hien gouf ënner anerem wéinst versichtem Putsch zu 27 Joer Prisong verurteelt.