arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Palestinensesche President Mahmud Abbas réckelt Parlamentswalen ëm ee Joer no hannen

International

|
reading time

1 min

Palestinensesche President Mahmud Abbas réckelt Parlamentswalen ëm ee Joer no hannen

De palestinensesche President Mahmud Abbas huet d‘Parlamentswalen an de Palestinensergebidder, déi fir Enn November geplangt ware, op September d‘nächst Joer, verluecht. Als Grond huet hien ënnert anerem déi militäresch Aschränkunge vun Israel genannt.

reading time

1 min

Mahmud Abbas | ©  EPA/JADE GAO / POOL
Mahmud Abbas (Foto: EPA/JADE GAO / POOL)

De palestinensesche President Mahmud Abbas huet d‘Parlamentswalen, déi fir Enn November geplangt waren, op September 2027 verréckelt. 

Als Grënn huet hien déi militäresch Aschränkunge vun Israel, den Ausbau vun de jüddesche Siidlungen a Palestina an d'Attacke vun arméierter Siidler esou wéi déi schlecht Sécherheetslag an der Gazasträif genannt.

Lescht Wale ware virun 20 Joer 

Déi lescht Walen an de Palestinensergebidder ware viru méi wéi 20 Joer. Bei de leschte Walen, am Januar 2006, hat déi islamistesch Hamas gewonnen. D'Hamas hat eng knapp Majoritéit am Palestinensesches Parlament kritt. No Ausernanersetzunge mat der Konkurrenzpartei Fatah vum Mahmud Abbas huet d'Hamas een Joer drop d‘Kontroll iwwert d‘Gazasträif iwwerholl.

D‘Parlament war duerno net méi funktiounsfäeg a gouf Enn 2018 vum palestinensesche Verfassungsgeriicht opgeléist. Wale goufen ëmmer rëm verluecht. Dem Mahmut Abbas seng regulär Amtszäit ass schonn 2009 ofgelaf. 

Sollten d'nächst Joer d'Parlamentswale sinn, da géifen dës mat de d'Presidentewalen a Palestina zesumme falen. Dës si fir den 11 November 2027 ugesat.