Dem Lula säi Konkurrent, de riets-extreeme Flavio Bolsonaro, géif als méi avantagéis fir d‘Marchéen ugesi ginn, heescht et. An d‘Marchéë géifen sech Suerge maachen, well de Flavio Bolsonaro dem Lula seng Walvictoire net unerkenne wëll. De Fils vum fréier President Jair Bolsonaro sot, hie géif d‘Annulatioun vun de Walen ufroen.
De Lula da Silva gouf entgéint den Erwaardunge mat ronn 52 Prozent vun de Stëmme fir e véiert Mandat erëmgewielt. Seng Victoire gëtt weltwäit – bis op den Donald Trump – begréisst.
Jair Bolsonaro wéinst Putsch verurteelt
De Jair Bolsonaro war am Joer 2022 net rëm fir eng zweet Amtszäit gewielt ginn. Hien hat deemools mat 49,1 Prozent vun de Stëmme scho géint de Lula da Silva verluer. Schonn den Jair Bolsonaro wollt d'Walresultat deemools net unerkennen an hat seng Unhänger dozou opgeruff d'Regierungsinstitutiounen ze stiermen. Mindestens 4.000 Leit waren sengem Opruff nokomm.
Hien gouf ënner anerem wéinst versichtem Putsch zu 27 Joer Prisong verurteelt.