arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Verschmotzung duerch Pëtrol an der Musel: Keen negativen Impakt op Ëmwelt bis elo

Ëmwelt

|
reading time

1 min

No Verschmotzung duerch Pëtrol an der Musel: Keen negativen Impakt op Ëmwelt bis elo

No enger Verschmotzung duerch Pëtrolssubstanzen am Mäerterter Hafen ass d‘Quell vum Incident nach ëmmer net gekläert. Dat geet aus enger Äntwert vun der Ministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro zu deem Theema ervir.

reading time

1 min

Frachtschëff op der Musel | © picture alliance / Caro | Bastian
Frachtschëff op der Musel (Foto: picture alliance / Caro | Bastian)

Den zoustännegen Autoritéiten no kéint just ausgeschloss ginn, datt d’Verschmotzung vun den Hafeninfrastrukturen oder vun de Schëffer, déi zu deem Zäitpunkt am Hafe louchen, verursaacht gouf.

Eng genee Quantitéit u Pëtrol déi an d‘Musel gefloss ass, konnt d‘Ministesch nach net nennen, well en Deel direkt mat de Stréimunge vum Floss fortgedroe gouf. Et géif sech awer warscheinlech ëm e puer Dose Liter handelen.

D‘Botzaarbechte wieren entretemps ofgeschloss. No éischten Evaluatioune wier och keen direkten negativen Impakt op d’Ëmwelt festgestallt ginn, wéinst der warscheinlech klenger Quantitéit u Pëtrol.

Generell géif esou eng Verschmotzung awer ee Risiko fir d‘Natur duerstellen, dofir géif d‘Situatioun weider iwwerwaacht ginn, esou nach d‘DP-Ministesch. 

De Mäerterer Hafen hat iwwerdeems eng Plainte géint Onbekannt wéinst Ëmweltverschmotzung bei der Police eragereecht.