Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Retarde weider Geisele vun der Hamas fräigelooss

Noen Osten

No Retarde weider Geisele vun der Hamas fräigelooss

Mat Verspéidung si gëschter Owend weider 13 israeelesch a véier thailännesch Geisele fräi gelooss ginn, déi Ufank Oktober vun der Hamas an d‘Gazasträif verschleeft gi waren. Israel huet sengersäits, am Echange 39 palästinenesch Prisonéier fräigelooss. D‘Fräiloossung hat Retard kritt, well, esou seet d‘Hamas, Israel sech net un d‘Ofmaachungen am Accord wollten halen.

auto_stories

1 min

© Bigstock / xbrchx
(Foto: Bigstock / xbrchx)

D‘Hamas huet awer ëmmer nach iwwer 200 Leit an hirer Gewalt – mee och haut, esou gëtt erwaart, wäerte weiderer fräikommen. Bis muer mat gëllt nach eng Waffepaus am Konflikt. Den Accord tëschent béide Säite gesäit vir, datt eng 50 Geisele fräikommen.

De Katar huet iwwerdeems drop higewisen, datt eng Waffepaus vu bis zu 10 Deeg nach méiglech ass. De Katar huet och versprach, derfir ze suergen, datt Israel de Passage vu weideren Hëllefsgidder an d‘Gazasträif zouléisst. Wärend de leschten zwee Deeg sinn eng 250 Camionen era gefuer, seet d‘UNO.

Dem gréisste Spidol an der Gazasträif, dem Al Shifa Spidol goufen 11 Ambulanzen, an dräi Busse geliwwert, déi bei der Evakuatioun vun de Patienten aus dem ëmkämpfte Spidol sollen agesat ginn.

Zanter dem 7. Oktober sinn eng 15.000 Palästinenser gestuerwen, ënnert hinnen iwwert 6.000 Kanner a Jonker ënner 18 Joer, déi Chifferen, nennt di palästinensesch Regierung, déi vun der Hamas kontrolléiert gëtt, Chifferen, déi net onofhängeg ze iwwerpréiwe sinn.

Haut reesen iwwregens den däitsche President Frank Walter Steinmeier, an d'Bärbel Bas, Presidentin vum Bundestag an Israel. Dono geet et fir de Steinmeier nach weider an den Oman an an de Katar.