An der Suite vun der Finanzaffär ronderëm d’Sensibilitéit vun de Piraten, hat de Chamberbüro um Donneschdeg Plainte gemaach.
De Piraten-Deputéierte Sven Clement wollt sech net heizou äusseren. Den zoustännegen Affekot vun der Sensibilitéit, de Me Pol Urbany sot op Nofro hin, et misst een den Dossier elo genau examinéieren an och préiwen ob d‘Prozedure vun der Chamber richteg agehale gi wieren.
Ee “Stuerm am Waasserglas”
De Me Pol Urbany deen d’Sensibilitéit an dëser Saach wäert vertrieden, ass gëschter mam Fall beoptraagt ginn. Op Nofro, sot de Me Urbany, datt hien d’Behaaptunge vun der Cour des Comptes a vum Chambersbüro genau iwwerpréiwe wäert. Et wier ze kucken, ob do iwwerhaapt strofrechtlech eppes dru wier oder ob dat ganzt ee “Stuerm am Waasserglas” wier, esou den Affekot.
Wat déi méiglech disziplinaresch Suitten ugeet, déi d’Chamber géint de Marc Goergen a säi Parteikolleeg Sven Clement - a potentiell och géint de Ben Polidori dee mëttlerweil bei d’LSAP gewiesselt ass - aleede kéint, sot de Piraten-Deputéierte Marc Goergen op Nofro hin, déi “dramateschst Suite” wier, datt hie säi Mandat an der Chamber verléiert.
An dësem Fall géif, d’Morgan Engel - Zweetgewielten aus dem Walbezierk Süde fir hien an d’Chamber noréckelen. Net awer fir d’Piratepartei, mee fir d’LSAP.
D’Déifferdenger Gemengeconseillère Morgan Engel hat am Dezember de Piraten de Réck gedréint a war bei d’Sozialiste riwwer gewiesselt.
Ee politesche Calcul?
De Piraten-Deputéierte Marc Goergen schwätzt bei dëse potentielle Suitte vun engem politesche Calcul. D’LSAP hätt domat 13 Sëtz - just nach ee manner wéi d’Regierungspartei DP.
De Rechnungshaff hat viru gutt enger Woch e Spezialrapport presentéiert - an hei op eng ganz Partie Irregularitéiten an der Comptabilitéit vun de Pirate vun 2018 bis 2023 opmierksam gemaach.
No enger weiderer Analys vum Service juridique vun der Chamber hat de Chamberbüro decidéiert Plainte ze maachen. Géint wie genau ass net bekannt. Dat well am Dossier vum Rechnungshaff och keng Nimm genannt gi sinn, esou d'Erklärung vum Chamberpresident Claude Wiseler.