D‘Hamas sot, si géif net iwwer d‘Geisel verhandelen, déi se aus Israel entféiert huet, esou laang wéi Israel d‘Gazasträif weider ugräift.
D‘Hamas hält eng geschaten 100 bis 150 Leit an der Gazasträif als Geisel fest. Déi däitsch Justiz huet annoncéiert, datt si eng Enquête géint d‘Hamas opmécht. Dat an Zesummenhang mam Verdacht vun Entféierung a Mord vun däitsche Bierger an Israel, esou eng Spriecherin vum Parquet zu Karlsruhe.
Gazasträif: bal 200.000 Mënschen op der Flucht
Israel fiert den Ament weider mat Bombardementer, d‘Grenze mat der Gazasträif wier nees ënner israeelescher Kontroll, esou Israel de Moien. Eng Buedemoffensiv ass an der Virbereedung. D‘Gazasträif gouf komplett vun Israel ofgespaart – et géife keng Liewensmëttel, Waasser, Stroum oder Bensinn era kommen, esou Israel. D‘UNO huet gewarnt, datt dat géint international Mënscherechter géif verstoussen.
Der UNO no wiere schonn iwwer 187.500 Mënschen an der Gazasträif op der Flucht.
Méi wéi 700 Leit wiere bei den israeelesche Bombardementer ëm d‘Liewe komm, sou déi palestinensesch Autoritéiten. An Israel sinn op d‘mannst 900 Leit bei den Attacke vun der Hamas ëm d‘Liewe komm.