search

/ No Halloween: Séissegkeete mat Nolen, Neel a Metallgéigestänn an Däitschland fonnt

Däitschland

|
reading time

1 min

No Halloween: Séissegkeete mat Nolen, Neel a Metallgéigestänn an Däitschland fonnt

Déi Lëtzebuerger Police huet awer keng Kenntnis vun esou Fäll hei am Land, heescht et op Nofro hin. An Däitschland gouf ee Kand vun néng Joer un der Zong blesséiert duerch eng fënnef Zentimeter laang Nol an engem Schokelasrigel.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte
(Foto: picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte)

Aner Kanner wieren – obwuel se an eng manipuléiert Séissegkeet gebass hunn – awer net blesséiert ginn.

Verdacht op geféierlech Kierperverletzung

Op ville Plaze ginn d‘Polizisten dovun aus, datt d‘Séissegkeeten express manipuléiert goufen an enquêtéieren dofir wéinst Verdacht op versicht geféierlech Kierperverletzung.

An engem Fall soll de manipuléierte Rigel aus engem Lidl-Supermarché kommen. Den Discounter géif de Virfall eegenen Aussoen no ganz eescht huelen a wier mat den Ermëttler am Austausch, heescht et.

D‘Police an Däitschland warnt virdrun, verdächteg Séissegkeeten ze iessen a rifft d‘Elteren op d‘Séissegkeeten, déi d‘Kanner fir Halloween agesammelt hunn, ze kontrolléieren. Och an Éisträich wiere Fäll opgetaucht.