D’Bundeskriminalamt an Däitschland deelt mat, datt Opriff zur Mobiliséierung sech kloer vun de Gewaltausschreidunge bei de Protester am Ausland distanzéieren géifen an op friddlech Demonstratioune setzen.
"Gen Z regelt"
Ob der Internetsäit vun der Beweegung leeft d’Auer erof bis zum Start vun den Demonstratiounen muer um 2 Auer Mëttes. Iwwer 160.000 Participantë hunn sech iwwer de Site bis elo ugemellt. Manifen sinn a Stied wéi München, Berlin, Hamburg, Stuttgart oder Köln geplangt, Saarbrécken oder Tréier sinn nicht dabei. Mobiliséiert gëtt nieft der Websäit och op de soziale Medien an Chatgruppen – souwuel national ewéi lokal.
Wie genee hannert der Initiativ “Gen Z regelt” stécht ass net gewosst.
Méi Suen fir Psychotherapie
“Gen Z regelt” presentéiert op hirem Site sechs konkret Fuerderungen. Wéi och a Frankräich gëtt méi Geld fir Schoule verlaangt, mee och fir d’Ausbaue vu Suchthëllef a Psychotherapie amplaz vu Kierzungen.
Ausserdeem sollen d’Leit entlaascht gi bei de Liewenskäschten. Allgemeng dierfte Kierzungen net ze Laaschte vun der jonker Generatioun goen. E wichtege Sujet ass och de Klimaschutz, e kloren Nee zum obligatoresche Militärdéngscht an de Schutz vun de Grondrechter am Plaz vun Iwwerwaachung.
Parteien huele Positioun
D'Beweegung erkläert sech als iwwerparteilech. Nawell hu sech verschidde Parteien zu de Protester positionéiert. Wärend Die Linke sech op d’Säit vun den Demonstrante stellt a seet et wier déi richteg Zäit fir ze protestéieren, warnt d’AfD virum Protest-Dag. Et géing e Risk bestoen, datt Extremisten d’Demonstratioune géingen infiltréieren. D’Bundeskriminalamt huet awer betount, datt bis elo keng konkret Opriff zur Gewalt festgestallt goufen.