arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protester: President Macron a Premier Lecornu kënnegen Entrevuë mat Betraffenen un

Frankräich

|
reading time

2 min

Protester: President Macron a Premier Lecornu kënnegen Entrevuë mat Betraffenen un

Dëse Weekend waren a ganz Frankräich nees Manifestatioune vu Schüler a Studenten, Gewerkschaften an de Gilets jaunes. Dës Kéier gouf awer gréisstendeels friddlech demonstréiert, ouni gréisser Incidenten. No de wochelaange Lycées-Protester versprécht déi franséische Regierung haut konkret Äntwerten.

reading time

2 min

© EPA/MOHAMMED BADRA
(Foto: EPA/MOHAMMED BADRA)

Frankräich huet e weidere Weekend mat grousse Protester "contre la vie chère" an d'Regierung ëm de franséische President Macron hannert sech. Eleng zu Paräis waren den Autoritéiten no iwwer 110.000 Leit op de Stroossen.

Zeenen, wéi de Weekend virdrun, wou op ville Plazen Haiser gebrannt hunn a Geschäfter eidel gerannt goufen, sinn dës Kéier awer gréisstendeels ausbliwwen. A verschiddene Stied wéi Paräis, Marseille, Lyon oder och nach zu Lille koum et awer nees zu Konfrontatiounen tëschent Demonstranten an der Police.

Engem leschte Bilan no, sinn awer rëm iwwer 1.400 Leit festgeholl ginn. Et goufen och rëm Blesséierter: ronn 270 Polizisten an iwwer 150 Demonstranten. Fir nächste Samschdeg si rëm Protester ugekënnegt ginn. Déi meescht Stied halen och hir Ausgangsspäre bäi. 

De ganze Reportage vun eisem Frankräich-Korrespondent Max Tholl kënnt Dir hei lauschteren.

Entrevue mat de Schüler- a Studentenorganisatiounen

De Premier Sébastien Lecornu empfänkt de Mëtteg d‘Lycées- a Studenten-Organisatiounen. Dat no fënnef Woche Protester a Blockage vu Schoulen. No den Treffe mam Premier sollen d‘Educatiouns- am Héichschoulministeren Detailer, iwwer der Regierung hir Äntwerten op de Schüler hir Revendicatiounen, ginn. Dorënner méi Enseignanten a besser Schoul-Infrastrukturen.

De President Emmanuel Macron gëtt iwwerdeems haut fir eng Iwwerraschungsvisitt zu Marseille erwaart. Hie wéilt sech iwwerzeegen, datt d‘Situatioun sech no den Ausschreidunge bei de Protester vum 17. Oktober rëm normaliséiert hätt. De Macron soll zu Marseille och Geschäftsleit treffen, deenen hir Commercen zerstéiert gi sinn.