Radioen

On air

Notturno  |  Ananda Grows - Constant Dream

play_arrow Live
search

/ No Eskalatioun: Aussergewéinlech Sitzung vum NATO-Ukrain-Conseil

Krich an der Ukrain

No Eskalatioun: Aussergewéinlech Sitzung vum NATO-Ukrain-Conseil

No där rezenter Eskalatioun am russeschen Aggressiounskrich géint d'Ukrain kënnt den Nato-Ukrain-Conseil haut zu Bréissel fir eng aussergewéinlech Sëtzung zesummen. 

auto_stories

1 min

NATO | © picture alliance / AA/photothek.de | Janine Schmitz
NATO (Foto: picture alliance / AA/photothek.de | Janine Schmitz)

Déi 32 Nato-Memberlänner beroden do ënner anerem iwwer déi russesch Attack d'lescht Woch op déi ukrainesch Stad Dnipro. 

Russland hat do eng nei ballistesch Mëttelstreckerakéit mam Numm Oreschnik agesat. De russesche President Wladimir Putin hat gewarnt, Moskau géif déi Rakéiten elo asetzen, well d'USA a Groussbritannien der Ukrain erlaabt hunn, Laangstreckerakéiten op Ziler a Russland ze schéissen.

Och d'Ausseminister:inne vun de G7-Industrielänner sollen haut bei engem Treffen an Italien iwwer déi rezent Eskalatioun vum Krich an der Ukrain beroden.