arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Dronen-Incident a Rumänien: Bettel schwätzt vu “geféierlecher Eskalatioun”

Russesch Dron

|
reading time

1 min

No Dronen-Incident a Rumänien: Bettel schwätzt vu “geféierlecher Eskalatioun”

Den Ausseminister Xavier Bettel reagéiert op den Tëschefall vun enger russescher Dron a Rumänien. D‘Dron hat hënt an der rumänescher Stad Galati en Héichhaus getraff an zwee Leit blesséiert.

reading time

1 min

©  EPA/MAXYM MARUSENKO
(Foto: EPA/MAXYM MARUSENKO)

Um X-Kont vum Ausseministère heescht et: D’Aschloe vun där Dron wier eng geféierlech an irresponsabel Eskalatioun. D‘Attacke vu Russland géife weider d‘Sécherheet vun Europa an d‘Liewe vun Ziviliste menacéieren.

Et wier ee solidaresch mat de rumäneschen Autoritéiten an de Famillje vun de Blesséierten, esou de Lëtzebuerger Ausseministère op X.

Rumänien, en EU- an Nato-Member-Land, huet den Tëschefall als schwéier an irresponsabel Eskalatioun verurteelt an de russeschen Ambassadeur convoquéiert.