D‘Feier war an der Nuecht op e Freideg ausgebrach. Freiden Nomëtteg wier de Sickerbrand an den Archiven och nach eemol méi schlëmm ginn.
E groussen Deel vum Daachgespär ass verbrannt, zanter gëschter kämpfen d‘Pompjeeë géint e Sickerbrand an den Archiven. Dem Lëtzebuerger Wort sot de Ben Ries, datt d‘Gebai op d‘Mannst zwee Joer net wäert kënne genotzt ginn.