Si géife sech zesumme géint d‘Eskalatioun vu Gewalt géint Politiker a Politikerinnen asetzen, heescht et an der sougenannter „Striesener Erklärung“.
De sächseschen SPD-Spëtzekandidat fir Europawalen, Mathias Ecke, war e Freideg am Dresdener Quartier „Striesen“ vu véier jonke Männer zesumme geschloen a schwéier blesséiert ginn, wéi hie Walplakater opgehaangen huet. E jonke Mann vu 17-Joer huet sech gëschter der Police gestallt. Hien hätt zouginn, de Politiker zesumme geschloen ze hunn, sou d‘Police. Si sicht nach no weidere Verdächtegen.