De Staat kéint op ganz vill Aart a Weisen intervenéieren ouni d’Grenze vum Interventionismus ze iwwerschreiden, huet den DP-Deputéierten André Bauler a senger Interventioun betount.
De Staat hätt do eng Rei Méiglechkeete. De Choix vun den Infrastrukturen, d’Schoulen a Formatiounsméiglechkeete grad wéi de Sozial- a Gesondheetssystem kënne vum Staat beaflosst ginn. A Krisenzäiten ass d’Interventioun vum Staat virun allem wichteg fir Faillitten oder och de Chômage ze vermeiden.
Fiskalitéit fir d'Wirtschaft ze stäipen
Och d’Fiskalitéit kann agesat gi fir d’Wirtschaft ze stäipen, betount den DP-Deputéierten André Bauler.
"Hei hu mir iwwer déi lescht Jore schonn eng Hellewull u Moossnamen ëmgesat, fir eist Land méi attraktiv ze maachen, fir eis Finanzplaz hu mir virun e puer Méint hei am Héijen Haus de Regimm vum 'Carried Interest' ageféiert fir d'Manager vun alternative Fongen op Lëtzebuerg unzezéien."
Weider ass de Staat a strategesch wichtegen Entreprisen Aktionär a proposéiert Hëllefe fir déi energeetesch Transitioun virunzedreiwen, ënnersträicht d’CSV-Deputéiert Octavie Modert.
"An Zäite vun enger internationaler Energiekris ass dëst besonnesch ze ënnersträichen. D'Entlaaschtung vun den Netzkäschten an d'Begleedung vun de Betriber, grouss Mëttel a Kleng-Betriber um Wee vun der energeetescher Transitioun ass essenziell."
A grad d’Nohaltegkeet kéint fir d’EU een Avantage duerstelle bei Ausschreiwungen, erkläert déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring. Bei ëffentlechen Ausschreiwunge misste Produiten, déi ënner de Krittäre vun der Nohaltegkeets- a der Kreeslafwirtschaft produzéiert goufen, prioriséiert ginn, mengt d'Politikerin.
Rasant Entwécklung an de leschte 25 Joer
Beispillsweis dekarboniséiert Produiten oder Produite mat engem héijen Undeel u recycléierte Materialien, esou wéi Wueren, déi ënner europäesche Standarde produzéiert goufen.
Fir den LSAP-Deputéierte Franz Fayot awer géif d’Regierung an déi falsch Richtung handelen.
"Amplaz vun enger strateegescher Reflexioun gesi mir eng Regierung, déi just ee Plang huet. An dee besteet doranner, Suen an d'Bevëlkerung ze pompelen an der Hoffnung, datt esou d'Ekonomie an de Wuesstum géifen ugekuerbelt ginn."
De Conseil économique et social krut den Optrag een neien Avis auszeschaffen zur Roll vum Staat an der Wirtschaft. Bannent deene leschte 25 Joer gouf et eng rasant Entwécklung, déi ënner d’Lupp misst geholl ginn, esou d’Motioun, déi unanime ugeholl gouf.