Et hätt een d’Absicht, dës Relatiounen ze verstäerken, esou den Ausseminister a Minister fir Aussenhandel Xavier Bettel op der gemeinsamer Pressekonferenz.
A Brasilien géifen iwwer 33.000 Lëtzebuerger liewen. Lëtzebuerg wäert een zousätzlecht Generalkonsulat zu São Paulo opmaachen.
Mercosur wier eng "historesch Etapp"
E weidere Sujet bei de Gespréicher tëschent de béiden Ausseministere war de Fräihandelsaccord Mercosur tëschent der EU a fënnef südamerikanesche Staaten, dorënner Brasilien. Dësen Accord ass zënter dem 1. Mee provisoresch a Kraaft an an Europa ëmstridden. De brasilianeschen Ausseminister Mauro Vieira bezeechent dësen als eng historesch Etapp tëschent deenen zwou Regiounen.
"Je remercie le gouvernement luxembourgeois pour son soutien à l'accord. L'accord représente une opportunité historique d'approfondir les liens économiques, politiques et sociaux entre le Mercosur et l'Union Européenne. Et sa pertinence devient encore plus évidente dans le contexte actuel de pression qui fragilise le système multilatéral, notamment dans sa composante commerciale."
De brasilianesche Minister huet och gesot, datt d’Pläng fir d’Opmaachen an noer Zukunft vun enger Ambassade vu Brasilien hei am Grand-Duché eng grouss Prioritéit wieren.