De Bob Jungels zitt en Schlussstréch ënner seng sportlech Karriär. D'lescht Woch huet de Lëtzebuerger Proficyclist annoncéiert, datt hien no 15 Joer seng lescht Saison um Suedel verbréngt.
Tour de France Etappevictoire "emotionell de gréissten Erfolleg"
Dem Bob Jungels säi Palmarès ka sech weise loossen: Ganzer 27 Profivictoiren huet hien agefuer, dorënner Etappevictoirë beim Giro d'Italia a beim Tour de France. 2018 hat hien den Ardennenklassiker Léck-Baaschtnech-Léck gewonnen.
Fir den 33 Joer ale Coureur ass et schwéier ze soen, wat fir hien déi gréisste Succès ass.
“Ech menge reng vun der Courssen hier ass Léck-Baaschtnech-Léck natierlech déi gréisste Course gewiescht. Dat ass ee vun de Monumenter vum Cyclissem. Op der anerer Säit muss ech soen, déi Tour de France Etapp, déi ass no menger Verletzung komm. Dat war fir mech emotionell de gréissten Erfolleg.”
Entscheedung "net vun haut op muer" geholl
A jonke Joren ass de Bob Jungels als ganz grousst Talent am Vëlosport gehandelt ginn. Grad zu Lëtzebuerg, wou een no der Ära Schleck no neien Idoler gesicht huet. Am Réckbléck kann een dofir d’Fro stellen, ob hien a senger Karriär alles erreecht huet, wat erreechbar war.
Dat wier eng “gutt Fro”, esou de Bob Jungels am 100,7-Interview. Wann hien awer elo op seng Karriär zeréckkuckt, da géing hie realiséieren, datt hien “extreem vill erreecht” huet.
“Ob et alles ass, wat ech hätt kënnen erreechen? Ech mengen, dat ass ëmmer schwéier ze jugéieren. Mee wat ech weess, datt ech ganz zefridde si mat deem, wat ech erreecht hunn, an datt ech rouege Gewëssens kann de Vëlo un de Krop hänken.”
D’Entscheedung, d’Karriär op en Enn ze bréngen, wier keng, déi ee vun haut op muer géing huelen. De Bob Jungels betount, datt hie laang driwwer nogeduecht hätt. D’Ëmstänn an der Famill an an der Ekipp wiere wichteg Facteure gewiescht.
“Vill Stonnen a vill Nuechten u Gedanke sinn do drop gaangen.”
Viru 5 Joer: Déi schwéiersten Zäit a senger Karriär
Problemlos ass d’Karriär vum Bob Jungels och net verlaf. Viru 5 Joer ass eng arteriell Endofibros beim Coureur festgestallt ginn. Dat ass eng seele Gefäss-Erkrankung.
Dat war eng schwéier Zäit, gëtt de Profi zou. Sportlech gesi sinn d’Leeschtungen deemools an de Keller gaang. Mee och mental war et eng schwéier Period.
“Et ass virun allem einfach, well et eng Verletzung ass, déi sech ganz lues a lues weist. Déi Vernarbung an den Arterien, déi lues a lues kënnt duerch déi Beweegung um Vëlo. An dee Moment, wou ech d'Diagnos krut, huet den Dokter gemengt, datt dat eppes ass, wat schonn dräi, véier Joer effektiv do ass, oder sech opbaut.”
D’Leeschtungen um Vëlo sinn also rofgaang, d’Frustratioun – och doheem – si gewuess. Méintelaang hätt hie Schwieregkeete gehat, fir ze schlofen. Mental war de Bob Jungels net op der Héicht.
No der Diagnos war eng länger Paus ugesot. Zwou Operatiounen huet sech de Bob Jungels missen ënnergoen. Schlussendlech war et awer eng Erléisung, de Problem ze erkennen, an och ze eliminéieren.
5 Ekippen a 15 Joer
A senge 15 Joer ass de Bob Jungels fir eng ganz Rëtsch Ekippe gefuer. Seng éischt Profistatioun war RadioShack-Leopard, war duerno Trek ginn ass. Dono hat hie 5 Saisone laang de Maillot vun der belscher Formatioun Quickstep un.
Jeeweils zwou Saisonen huet hie bei AG2R a Bora-hansgrohe verbruecht, iert de Wiessel bei Netcompany-Ineos komm ass.
5 Ekippen a 15 Joer: Gewollt vill Changement oder mëttlerweil einfach Usus am Cyclissem? Fir de Bob Jungels ass eng Mëschung aus béidem.
No Quickstep "ni esou richteg deen nämmlechten Halt fonnt"
Am 100,7-Interview verstoppt hien net, datt seng Zäit bei Quickstep déi war, déi him am beschte gefall huet. Et wier eng “extraordinär” Zäit gewiescht, och well ee sech net just berufflech, mee och privat gutt an der Ekipp verstanen hätt.
No Covid wollt hien eng aner Richtung aschloen an ass bei déi franséisch Formatioun AG2R-Citroën gewiesselt. Mee souwuel do, wéi och bei Bora-hansgrohe konnt hien net deen Halt fannen, wéi bei Quickstep.
“Ech hunn awer effektiv do an deenen Ekippen ni esou richteg deen nämmlechten Halt fonnt wéi bei Quickstep. An deementspriechend hunn ech un déi zweemol gewiesselt. Ech mengen, haut ass et vill méi normal am Vëlo och fir d'Ekipp e bësse méi oft ze wiesselen, mee fir mech war et ganz vill einfach eng Saach vun, wéi ech mech wuelfillen.”
Eng Kollegialitéit wéi bei Quickstep hätt hien néierens méi rëmfonnt.
Wéi de Cyclissem sech an de leschte 15 Joer verännert huet
An deene 15 Joer am Profi-Peloton huet de Bob Jungels och materlieft, wéi de Cyclissem sech verännert huet. Ronderëm Covid hätt de professionelle Vëlossport e grousse Sprong gemaach. Virun allem a Saachen Nutritioun hätt sech extreem vill gedoen.
Gläichzäiteg fannen och ëmmer méi dacks grouss Sponsoren de Wee an de Cyclissem. Domadder géing natierlech och den Erwaardungsdrock klammen.
All déi Changementer géing ee virun allem an de jonke Kategorie bemierken, mengt de Bob Jungels.
“Viru 15, 20 Joer sinn ech beim UC Dippech hei gefuer als Junior an esou virun. Haut fuere si an den Devo-Ekippen oder an de Juniors-Ekippe vun de Profisekippen, sinn encadréiert esou wéi d'Profien.”
Déi jonk Coureure géingen also vill méi séier en héijen Niveau erreechen. Ob hir Karriär awer och esou laang géing goen, wéi bei de Coureuren aus senger Generatioun, dat wéisst de Bob Jungels net.
Aus enger gesondheetlecher Perspektiv géing déi fréi Entwécklung net schueden, mengt de Bob Jungels iwwerdeems. Par conter wier et mental eng grouss Belaaschtung, déi dës jonk Coureure scho fréi ze spiere kréichen.
Vum Vëlo an d'Finanzen
Sportlech gesi sti fir de fréiere Lëtzebuerger Champion nach e puer Coursen um Programm. Déi lescht wäert wahrscheinlech Paris-Tours am Oktober sinn.
Ob et de Bob Jungels a senger Zäit nom Profisport nees eng Kéier an de Cyclissem zitt, dat wéisst hien nach net. Et sollt een ni ni soen.
“Ech hu mir virgeholl elo mol zwee, dräi Joer e bëssen erauszegoen aus dem Milieu. Ech ka mir awer absolutt virstellen, fir herno an engem Management vun enger Ekipp iergendwéi e bëssen ënner d'Äerm ze gräifen oder eng aktiv Roll och unzehuelen.”
Direkt no senger Karriär zitt et de Bob Jungels awer an e ganz anere Secteur. Virun e puer Joer hu säi Papp a säi Monni e Liewensmëttelgrossist iwwerholl. Do wéilt hien eng Roll anhuelen.
Dobäi kéim, datt d’Finanzbranche eppes wier, dat hien ëmmer scho begeeschtert hätt. Vu Januar u wäert hien eng Branche vun engem Family Office zu Lëtzebuerg opmaachen.