arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 10 Matcher Spär fir den Argentinier Paredes no Aggressioune bei der WM-Finall

Fussball

|
reading time

1 min

10 Matcher Spär fir den Argentinier Paredes no Aggressioune bei der WM-Finall

No der verluerener WM-Finall géint Spuenie waren dem Argentinier Leandro Paredes d'Sécherungen duerchgebrannt. De Mëttelfeldspiller war op seng Géigespiller lassgaangen, huet se ënner anerem ëmgestouss an um Hals geholl. Dofir gouf de Paredes elo fir 10 Matcher vun der FIFA gespaart.

reading time

1 min

De Leandro Paredes (Drëtte v.r.) no der WM-Final | © EPA/RONALD WITTEK
De Leandro Paredes (Drëtte v.r.) no der WM-Final (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Nieft dem Spiller vun de Boca Juniors krut och säin argentinesche Coequipier Nahuel Molina eng Spär vu siwe Matcher, den Thiago Almada fir ee Match.

Mee och de Spuenier Gavi gouf fir ee Match gespaart, well en an d'Ausernanersetzung mat verwéckelt war.

321.000 Dollar Amende fir d'Federatioun

Iwwerdeems gouf den argentinesche Fussballverband AFA och bestrooft. Wéinst diskriminéierende Fangesäng, dierfe bei de nächsten zwee Matcher vun de Südamerikaner just d'Hallschent vun de Supporter an de Stadion.

Och eng Geldstrof gëtt fälleg: Déi läit bei 321.000 US-Dollar. Een Deel dovun allerdéngs op Sursis.