D’Annonce kënnt just e puer Deeg éier d’Formel 1 aus der Summerpaus zeréckkënnt.
De Weekend gëtt am Verstappen sengem Heemechtsland Holland gefuer. An der rezenter Vergaangenheet hat et ëmmer erëm Rumeure ginn no deenen de Max Verstappen d’Ecurie wéilt wiesselen, oder esouguer mat der Formel 1 ophalen. Deene Rumeuren dierft den Holläner mat der Verlängerung vu sengem Kontrakt elo en Enn gesat hunn.