Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Niedersachsen: Potentiellen Attentäter gouf festgeholl

Attentater ëm d'Chrëschtdagszäit geplangt

Niedersachsen: Potentiellen Attentäter gouf festgeholl

A Niedersachsen gouf d‘lescht Woch e Mann festgeholl wéinst dem Verdacht, datt hien an der Chrëschtdagszäit een Attentat geplangt hat. Dat huet déi niedersächsesch Inneministerin Daniela Behrens dem Nordeutsche Rundfunk confirméiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg
(Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg)

Beim Verhafte géif et sech ëm een Iraker vun 20 Joer handelen. Hien hätt Attentater bei grousse Veranstaltungen an der Chrëschtdagszäit annoncéiert a wier d‘lescht Woch, den 21. November, zu Helmstedt festgeholl ginn.