Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Sylvie Kreusch - Comic Trip

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ New York gedenkt den Affer vum 11. September

USA

New York gedenkt den Affer vum 11. September

22 Joer no den Terror-Attacke vum 11. September zu New York gedenken d‘USA haut un déi ronn 3.000 Doudesaffer.

auto_stories

1 min

Bei enger Gedenkfeier zu New York hu Familljemembere vun den Affer d‘Nimm virgelies. Och d‘US-Vizepresidentin Kamala Harris an de Buergermeeschter vun New York, Eric Adams, ware bei der Zeremonie dobäi.

Den US-Präsident Joe Biden soll méi spéit am Dag, wann hie vum G-20-Sommet an Indien zeréck ass, eng kuerz Ried am US-Bundesstaat Alaska halen.

Den 11. September 2001 waren déi bis elo schlëmmsten Attacken an der Geschicht vum Terrorismus. Islamistesch Terroristen haten dräi Fligere gekapert an domat an déi zwee Tierm vum World Trade Center zu New York an an de Pentagon zu Washington geflunn. Eng 4. Maschinn war a Pennsylvania erofgefall, nodeems d'Passagéier de Cockpit gestiermt haten.