Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ New Hampshire: Trump an Haley triede géinteneen un

Virwalen an den USA

New Hampshire: Trump an Haley triede géinteneen un

An der Course ëm d‘Presidentschaftskandidatur vun de Republikaner an den USA ass haut d‘Virwal am Staat New Hampshire.

auto_stories

1 min

Nodeems de Gouverneur vu Florida Ron DeSantis sech aus der Course zréckgezunn huet, kënnt et do zum Duell tëscht dem fréiere President Donald Trump an der fréierer UNO Ambassadrice Nikki Haley. An de landeswäite Sondagë läit den Trump däitlech vir. Am Staat New Hampshire awer ass den Ecart méi kléng an d‘Nikki Haley kann do op e staarkt Resultat hoffen.